Geschicht vun den Amitiés Italo-Luxembourgeoise des Ardennes

Et ass ugang 1967 mat der Mme Kremer Velzani  Lea déi hir Studien an Perugia gemach hat .Sie huet Couren an der Stadt Letzebuerg ginn fir  Italiénisch ze léieren. Dunn hat Si eng Idee, well zu Esch, Schifflange an zu Letzebuerg eng Amitiés Italo-Luxembourgeoise war, huet Si du geduecht fir och am Eisléck , Ettelbréck-Diekrich ,eng Amitiés ze grennen. Als Member vum Comité Central mam M. Heldenstein, Eischen, Dr Goedert ass den M. Reiles, Avecot zu Diekrich,  ugeschwaat ginn fir ze hëllefen eng Amitiés op Been ze stellen. Den H. Reiles ass un den H. Duhr rugetrueden dien hien iwwert den Timbersclub kannt huet ewou den H.  Reiles President war an de Sekretair den H. Velzani, de Pap vun der Mme Kremer-Velzani. Am Ufank war an zwou Richtungen ugeduecht ginn. Déi eng Richtung war nemmen Kulturell, an déi aner war och sozial „ Aides aux familles italiennes“, wobäi déi sozial Richtung net weider geféiert gouf.
An engem prope vollen Sall am Hotel Beausejour zu Dikrich,   ewou den H. Heldenstein, H. Eischen , Mme Kremer, an vill anerer do waren, ass dun de Club
„ Amitiés Italo-Luxembourgeoises des Ardennes „  gegrennt ginn deen du Couren konnt organiséieren an och  een Schoulsall ufroen konnt. Dikrich an Ettelbréck senn zesummen gangen an hunn Couren am Italiéinischen ginn. Couren vum éischten bis drett Joer sinn gehalen ginn  zu Dikrich am Colléisch an zu Ettelbréck ennert der Mme Kremer an dem H. Scholer , Mme Poos, Mme Fritsch, Mme Dahm. Et war déi Zait ewou d’Leit an Italien an Vacanz gefuer sinn an dourfir sinn an deen éischten Cour iwert 80 Leit komm, esou dat een Klass huet missen splécken.Dat de Club conform war sinn dunn Statuten erstallt ginn.

Statuten

Um Enn vum Joer war eent Ofschlossiessen mat Diplom iwwerréschung an villen Invitéen ewéi Représentants vun der Ambassade, Représentants vum Comité Central aus der Stadt , déi zwee Burgerméschter vun Dikrich an Ettelbréck,Conciergen vun de Schoulen am Beausejour zu Dikrich oder dem Hotel Central zu Ettelbréck.. Haaptaufgab vun den Amitiés huet dorann bestanen fir déi Couren an Ofschlssiessen  ze organiséieeren an ze bezuelen. Am Ufank huet de Club mat néischt ugefangen. Fir Suen ze verdéngen ass du eng Tombola gemach ginn woufir se heeschen gangen sin, gestreckt ginn ass an Hittercher fir Toilettenrouloen geheeckelt goufen, spéider huet jidfereen vun de Memberen eppes matbruecht  fir an Tombola. Och e klengen Subsid vun de Gemengen krut de Club, desweideren e klengen Beitrag vun de Schüler esou dat et just mat de Souen opgung.
Weider Aktivitéiten waren  Kachcouren mam Segetto an dem Dario fir dat italiéinischt Iessen bekannt ze machen, bal keen huet du schongs eng Pizza oder Spaghettien kannt.
Foustour an den Nommerlayen, Autopedestre an der Stadt mat Iessen am Mansfeldia, Mullenowend zu Useldéng .
Spéider sinn Couren vum Staat iwerholl ginn .
Couren vum éischten bis fënneft Schouljahr ginn haut gehalen vum Elisabetta an Felice Forlenza.

No viller a gudder Arbecht vum aalen Comité ass 2005 en neien Ulaaf geholl ginn an 2006 en neien Comité gegrënnt .Nei Aktivitaeten sinn entstaan.
Filmowend , Reesen, Pizzaowend, Proufowend, Ausstellung,  Tombola, Diplomiwwerréschung.

Brochures